E puer Wuert iwert den Daachverband
Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendklibb (oder: Jeunessen, Jugend, asw.) gouf 1996 gegrënd an huet gudd 120 Membersklibb mat insgesamt ronn 4500 Memberen, all etwa am Alter tëscht 16 an 30 Joer. Bei de Jugendklibb a Jeunessen lait déi ganz Verantwortung an den Hänn vun Jonken. Jugendklibb gin et an iwer 100 vun denen 116 Gemengen zu Lëtzebuerg. Domat ass den Daachverband déi gréissten wirklech Jugendfederatioun hei am Land.
Den Daachverband ass do fir d’Interessen vun de Jugendklibb an hiere Memberen um nationalen an um europäeschen Niveau ze vertrieden, a wann et muss sin, de Jugendklibb och um regionalen oder Gemenge Niveau zur Sait ze stoen. Zu dene wichtegsten Aufgaben vum Daachverband gehéiert de Klibb dann ze hëllefen wann se Hëllef brauchen, sief dat bei administrativen oder juristeschen Froen oder awer och beim Plangen vun Projeten an Aktivitéiten.