E puer Wuert iwert den Daachverband
Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendklibb (oder: Jeunessen, Jugend, asw.) gouf 1996 gegrënd an huet gudd 120 Membersklibb mat insgesamt ronn 4500 Memberen, all etwa am Alter tëscht 16 an 30 Joer. Bei de Jugendklibb a Jeunessen lait déi ganz Verantwortung an den Hänn vun Jonken. Jugendklibb gin et an iwer 100 vun denen 116 Gemengen zu Lëtzebuerg. Domat ass den Daachverband déi gréissten wirklech Jugendfederatioun hei am Land.
Den Daachverband ass do fir d’Interessen vun de Jugendklibb an hiere Memberen um nationalen an um europäeschen Niveau ze vertrieden, a wann et muss sin, de Jugendklibb och um regionalen oder Gemenge Niveau zur Sait ze stoen. Zu dene wichtegsten Aufgaben vum Daachverband gehéiert de Klibb dann ze hëllefen wann se Hëllef brauchen, sief dat bei administrativen oder juristeschen Froen oder awer och beim Plangen vun Projeten an Aktivitéiten.
Den Daachverband, déi gréissten wirklech Jugendfederatioun zu Lëtzebuerg
Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendklibb gouf 1996 gegrënd. Och wann deen eelste Jugendklubb virun ronn 100 Joer gegrënd gouf, sou sin déi meeschten Jugendklibb an de 60er, 70er an 80er Joeren entstaanen. Den Daachverband regroupéiert déi gudd 120 Jugendklibb, Jeunessen a Jugenden aus dem Land, mat insgesamt ronn 4500 Memberen, all etwa am Alter tëscht 16 an 30 Joer. Jugendklibb gin et an iwer 100 vun denen 116 Gemengen zu Lëtzebuerg.
Lëscht vun de Jugendklibb, Jeunessen, Jugenden, asw. zu Lëtzeburg