E puer Wuert iwert den Daachverband
Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendklibb (oder: Jeunessen, Jugend, asw.) gouf 1996 gegrënd an huet gudd 120 Membersklibb mat insgesamt ronn 4500 Memberen, all etwa am Alter tëscht 16 an 30 Joer. Bei de Jugendklibb a Jeunessen lait déi ganz Verantwortung an den Hänn vun Jonken. Jugendklibb gin et an iwer 100 vun denen 116 Gemengen zu Lëtzebuerg. Domat ass den Daachverband déi gréissten wirklech Jugendfederatioun hei am Land.
Den Daachverband ass do fir d’Interessen vun de Jugendklibb an hiere Memberen um nationalen an um europäeschen Niveau ze vertrieden, a wann et muss sin, de Jugendklibb och um regionalen oder Gemenge Niveau zur Sait ze stoen. Zu dene wichtegsten Aufgaben vum Daachverband gehéiert de Klibb dann ze hëllefen wann se Hëllef brauchen, sief dat bei administrativen oder juristeschen Froen oder awer och beim Plangen vun Projeten an Aktivitéiten.
Wéi a fiirwat grënden ech eng ASBL?
Als ASBL ass äre Kubb juristesch besser ofgesechert.
Den Daachverband huet ASBL-Modell Statuten, dei kennt der Iech hei eroofluerden.
Wann dir wellt eng ASBL grenden, an dir hudd Froen, dann kennt dir Iech beim Daachverband melden.
Wéi eng Assurance brauch aisen Klubb?
Den Daachverband kann deenen Klibb dei eng Assurance wellen maachen hellefen. Fier weider Detailer meld Iech enert info@daachverband.lu oder froot direkt beim Marc Rauchs (EirePräsident an Assuance Contact vum Daachverband) no.
+ All Club sollt/muss mindestens eng Haftpflicht, eng Protection juridique an bei gréisseren Evênementer eng Spezialassurance. +
Keen Alkohol enert 16 Joer, mier haalen ais drun!

Hei fannt dier wichteg Erklärungen zum Alkohol Gesetz
Musek um Baal? Dierf ech do alles spillen an maan?
Veräiner déi op engem Bal Musik spillen, also en Orchester engagéieren, mussen fir d’Musik Autorenrechter un d’SACEM bezuelen.
D’SACEM ass déi Organistioun déi gesetzlech d’Aufgab huet dess Suen anzedreiwen. Wann een de Bal am viraus bei der SACEM meld gin et Prozenter.
Kontakt SACEM Letzebuerg:
Tel: 47 55 59,
Fax 47 02 76,
Email: info@sacemlux.lu
Wei kann aisen Klubb seng Bréiwer mei bëlleg verschécken?
D’Jugendklibb a Jeunessen déi am Daachverband Member sin kennen dem Daachverband sain ATR Poststempel mat benotzen an esou hier Post méi bëlleg verschécken.
De Jugendklubb freet desen Stempel iwer info@daachverband.lu un, an dreckt en op seng Enveloppen.
OPGEPASST:
Enveloppen mat ATR Stempel dierf net zougepäscht sin
Adressen vun den Jugendklibb op Etiketten unfroen.
D´Membersklibb kennen beim Daachverband färdeg ausgeprinten Etiketten mat den Adresen vun allen Jugendklibb ufroen. Maacht eng E-Mail mat Ärer kompletter Postadresse un info@daachverband.lu
Waat maan wann um Baal eppes mat engem Kontrakt schief leeft an et haart op haart kennt?
Hei e puer netzlech Ulaafstellen wou der Iech kennt emfroen an Root sichen.
Ordre des avocats de Luxembourg
(„Daachverband vun den Affekoten/innen“)
36, Marché aux Herbes
L-1728 Luxembourg
Tel.: 22 48 50 oder 46 72 72
Justice de Paix de Diekirch
Service d’accueil et d’information juridique
(bei der aller Kierch)
BP.66
L- 9201 Diekirch
Tel.: 80 23 15
Palais de Justice Luxembourg
Cour Supérieure de Justice
Chambre de la jeunesse
12, Côte d’Eich
L-1450 Luxembourg
Tel. : 475 981 211
Parquet du Tribunal de Diekirch
Palais de Justice Diekirch
(etat civil, véhicules saisis, faillites, factures)
Tel. : 80 32 14 44
OPGEPASST: Fier dass keen perseonlech haftbar gemach get, muss den Verain eng ASBL sin. Wei daat geet fier eng ASBL ze grennen fannt der uerwen.
Subside fir de Klubbsall anzeriechten
Beim Jugendministère (Ministère de la Famille) kënnen d’Jugendklibb e Subside ufroen fir hiere Klubbsall déi éischte Kéier anzeriechen, resp. ganz ze renovéieren. Wichteg ass datt dier de Subside ufrot iert dier ufänkt mat schaffen.
Subside ufroen um Jugendministère:
Email: Jaques Wenner
Tél: 247-86530
Subside fir Projeten
All Jugendklubb kann europäesch oder national Subsiden fir Projeten ufroen:
Fir weider Detailer meld iech um Jugendministere:
Email: Jaques Wenner
Tél: 247-86530