E puer Wuert iwert den Daachverband
Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendklibb (oder: Jeunessen, Jugend, asw.) gouf 1996 gegrënd an huet gudd 120 Membersklibb mat insgesamt ronn 4500 Memberen, all etwa am Alter tëscht 16 an 30 Joer. Bei de Jugendklibb a Jeunessen lait déi ganz Verantwortung an den Hänn vun Jonken. Jugendklibb gin et an iwer 100 vun denen 116 Gemengen zu Lëtzebuerg. Domat ass den Daachverband déi gréissten wirklech Jugendfederatioun hei am Land.
Den Daachverband ass do fir d’Interessen vun de Jugendklibb an hiere Memberen um nationalen an um europäeschen Niveau ze vertrieden, a wann et muss sin, de Jugendklibb och um regionalen oder Gemenge Niveau zur Sait ze stoen. Zu dene wichtegsten Aufgaben vum Daachverband gehéiert de Klibb dann ze hëllefen wann se Hëllef brauchen, sief dat bei administrativen oder juristeschen Froen oder awer och beim Plangen vun Projeten an Aktivitéiten.
Komitee vum Daachverband:
Vizepräsident
Jungblut Tom
Komiteemember
Medinger Doris
Komiteemember
Colyn Joachim
Den Daachverband vertrett d´Intressen vun den Jugendklibb an folgenden Strukturen/Gremien:
Den Daachverband ass Member am ECYC (European Confederation of Youth Clubs), der Federatioun vun allen Daachverbänn vun Jugendklibb aus Europa. Den ECYC vertrëtt d’Interessen vun de Jugendklibb bei der EU Kommissioun, beim EU Parlament asw.
http://www.ecyc.org
Vertrieder vum Daachverband am ECYC:
Wagner Philippe (Vertrieder)
Losch Maurice (Ersatz Vertrieder)
Den Daachverband ass Member am Conseil Supérieur de la Jeunesse. De Conseil Supérieur ass déi Plaatz wou de Jugend-Ministère (Ministère de la Famille et de l’Intégration) an déi gréissten Jugendorganisatiounen iwert déi wichtegst Jugendpolitesch Dossieren, Projeten a Gesetzestexter schwätzen.
Vertrieder vum Daachverband am Conseil Supérieur de la Jeunesse :
Losch Maurice (Vertrieder)
Simon Charel (Ersatzvertrieder)
Den Daachverband ass Member am Comité d’Évaluation vum Programm "Jeunesse en Action" . Bei desem Programm kennen och Jugendklibb europäesch Suen fir Projeten ufroen. Dëse Komitee gëtt vum SNJ (Service National de la Jeunesse) geleed.
Programm "Jeunesse en Action"
Vertrieder vum Daachverband am Comité d’Évaluation:
Jungblut Tom (Vertrieder)
Losch Maurice (Ersatzvertrieder)

D’Jugendparlament ass e wertvollen Jugendprojet, eng Plattform wou Jonker hier Meenung an Idien zu Ausdrock brenge kennen. D’Jugendparlament gouf 2009 gegrënd. Am Géigendeel zum richtegen Parlament, der Chamber, huet d’Jugendparlament awer keng demoratesch Legitimatioun: Seng Memberen sin net gewielt a seng Positiounen sin domat och just d’Meenung vun senge Memberen. Jiddereen deen tëscht 14 an 28 Joer aal ass kann sech aschreiwen a matmachen. Den Daachverband war staark un der Grëndung vum Jugendparlament bedeelegt. Mam Maurice Losch, als Generalsekretär, a mam Laurent Gengler als Member, waren direkt 2 Jugendklubb-Vertrieder an dem éischte Bureau (=Komitee vun 5 Leit) vum Jugendparlament.
Den Daachverband ass laut senge Statuten parteipolitesch neutral: Wichteg ass datt am Interesse vun den Jonken geschafft gett. Genau dat ass och daat waat d’Vertrieder vun de Jugendklibb am Jugendparlament machen. Sie schaffen fir d’Saach a fir d’Jugend, a passen drop op dat net gewessen Strukturen d’Jugendparlament op eemol zu hieren Gonschten benotze gengen.

Den Daachverband ass Member an der CGJL (Conférence Générale de la Jeunesse Luxembourgeoise). D’CGJL ass eng Plattform, eng « Konferenz », wou sech déi grouss national Organisatiounen aus dem Jugendberaich treffen fir gemeinsam Projeten ze beschwätzen an ëmzesetzen.
Vertrieder vum Daachverband an der CGJL:
Losch Maurice (Vertrieder)
Colyn Joachim (Ersatzvertrieder)
Eiren-Präsidenten vum Daachverband:
Eire-Präsident
Rauchs Marc
Eire-Präsident
Duhr Gerard