Hudd dir Statuten fir eng ASBL??
Jo mir hun Modell Statuten vun enger ASBL, dei kennt der Iech hei eroofluerden.
Wei
Wann dir wellt eng ASBL grenden, an dir hudd Froen, dann kennt dir Iech beim Daachverband melden.
Bidd dir den Veräiner eng Assurance
Den Daachverband kann deenen Klibb dei eng Assurance wellen maachen hellefen. Fier weider Detailer meld Iech enert info@daachverband.lu oder froot direkt beim Marc Rauchs (EirePräsident an Assuance Contact vum Daachverband) no.
++ All Club sollt/muss mindestens eng Haftpflicht, eng Protection juridique an bei gréisseren Evênementer eng Spezialassurance. ++
Keen Alkohol enert 16 Joer, mier haalen ais drun!
Hei fannt dier wichteg Erklärungen zum Alkohol Gesetz
Musek um Baal? Dierf ech do alles spillen an maan?

Veräiner déi op engem Bal Musik spillen, also en Orchester engagéieren, mussen fir d’Musik Autorenrechter un d’SACEM bezuelen.
D’SACEM ass déi Organistioun déi gesetzlech d’Aufgab huet dess Suen anzedreiwen. Wann een de Bal am viraus bei der SACEM meld gin et Prozenter.
Kontakt SACEM Letzebuerg:
Tel: 47 55 59,
Fax 47 02 76,
Email: info@sacemlux.lu

 

Wei kann aisen Verain sain Courrier mei belleg schecken?

D’Jugendklibb a Jeunessen déi am Daachverband Member sin kennen dem Daachverband sain ATR Poststempel mat benotzen an esou hier Post méi belleg verschécken.

De Jugendklubb freet desen Stempel iwer info@daachverband.lu un, an dreckt deen op sain Courrier.

OPGEPASST: den Courrier mat ATR Stempel dierf/soll net zougepäscht sin

Waat maan wann um Baal eppes mat engem Kontrakt schief leeft an et haart op haart kennt?

Hei e puer netzlech Ulaafstellen wou der Iech kennt emfroen an Root sichen.

Ordre des avocats de Luxembourg
(„Daachverband vun den Affekoten/innen“)
36, Marché aux Herbes
L-1728 Luxembourg
Tel.: 22 48 50 oder 46 72 72

Justice de Paix de Diekirch
Service d’accueil et d’information juridique
(bei der aller Kierch)
BP.66
L- 9201 Diekirch
Tel.: 80 23 15

Palais de Justice Luxembourg
Cour Supérieure de Justice
Chambre de la jeunesse
12, Côte d’Eich
L-1450 Luxembourg
Tel. : 475 981 211

Parquet du Tribunal de Diekirch
Palais de Justice Diekirch
(etat civil, véhicules saisis, faillites, factures)
Tel. : 80 32 14 44

OPGEPASST: Fier dass keen perseonlech haftbar gemach get, muss den Verain eng ASBL sin. Wei daat geet fier eng ASBL ze grennen fannt der uerwen.


      Feedback - Admin